Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New educateur diplômé

Konz
ARCUS asbl
Inserat online seit: Veröffentlicht vor 8 Std.
Beschreibung

Mir siche fir d'Internat Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch

D'Internat Stad Lëtzebuerg ass en Internat fir Jongen am Häerz vun der Stad Lëtzebuerg. Hei ginn ronn 46 Jonk an hirem Alldag ënnerstëtzt – sozio-emotional ewéi och schoulesch – a ginn doduerch zu aktiven Acteure vun hirer eegener Zukunft. Als Deel vun eiser engagéierter a multidisziplinärer Ekipp kanns du deng pedagogesch Erfarung a Kreativitéit abréngen an aktiv dozou bäidroen, een inspiréierenden a nohaltege Liewens- a Léierëmfeld fir d'Schüler ze gestalten.

Deng Aufgaben:

* Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 an 25 Joer an hirem Alldag

* Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d'Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d'Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

* Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

* Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d'Verselbstännegung vun den Jugendlecher

Däi Profil:

* Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom

* Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

* Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

* Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

* Du bass flexibel wat d'Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis :

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance et à la famille an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Konz
Jobs Trier-Saarburg
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > NEW Educateur diplômé

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern