Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New therapeutesche beroder (m/w/nb) – cst (stad)

Ammeldingen an der Our
ARCUS asbl
Inserat online seit: Veröffentlicht vor 15 Std.
Beschreibung

Mir siche fir eise neien Centre de jour socio-thérapeutique (Stad): Therapeutesche Beroder (M/W/NB) am CDI mat 30 Stonnen/Woch


Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand gëtt et een individuelle Plang, deen am Laf vu senger Entwécklung ëmmer erëm ugepasst gëtt. Mir gesinn d’Verhale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir baue Bezéiung ob an ënnerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwwerfuerderneden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräife kann. Mir schafe Bewosstsinn fir eis eege Prozesser an Empfanne mat der Fro: Wat mëscht dat Verhale vum Kand mat mir ? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een ëmmer bessert Géintiwwer ze sinn.


Deng Aufgaben:

* Begleedung vu Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer an hirem Alldag

* Therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ënnerstëtzung vun de Kanner

* Kooperatioun mat der pädagogescher Equipe, mat externe Partner a mat de Familljen

* Matgestalte vun enger neier Struktur zu Lëtzebuerg


Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom an der Psychologie oder änlechem

* Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

* Du hues mindestens 5 Joer Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef

* Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

* Du hues d'Fäegkeet an d‘Bereetschaft zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun


Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Eifelkreis Bitburg-Prüm
Jobs Ammeldingen an der Our
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > NEW Therapeutesche Beroder (M/W/NB) – CST (Stad)

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern