Als eng vun de féierende Persounentransport- an Touristik-Entreprisen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun, beschäftegt Voyages Emile Weber méi wéi 2.300 Mataarbechter.
Fir d'Schoulrentrée 2026-2027 siche mir Schoulbusbegleeder (m/w/d) fir a verschidde Gemengen oder Schoulsyndikater am Ëmkrees vu Canach mam Schoulbus matzefueren.
D‘Plaz
* Dir fuert virun der Schoul an no der Schoul am Schoulbus mat
* Dir suergt fir e stressfräien a séchere Schoulwee mam Bus
* Dir suergt fir Disziplin an Uerdnung am Bus
* Dir kontrolléiert op all Kand ugestréckt ass a sëtze bléift
Äre Profil
* Dir sidd pünktlech, verantwortungsbewosst, flexibel a kënnt gutt mat Kanner ëmgoen
* Dir schwätzt gutt Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
* Dir sidd à même en eventuellt ondisziplinéiert Verhale vun de Kanner fréizäiteg z’erkennen an entspriechend roueg ze handelen
* Dir wunnt idealerweis an der Géigend vun eiser Entreprise.
* Dir hutt de B-Führerschäin, en eegenen Auto a kennt Iech zu Lëtzebuerg aus.
Eis Offer
* Eng interessant Plaz an enger dynamescher Entreprise, déi weider um Wuessen ass
* E Kontrakt CDD fir 20 Stonnen d’Woch
* Aarbechtsplaz: Canach