Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New educateur diplômé / gradué (m/w/nb) - internat wolz

Trier
ARCUS asbl
Inserat online seit: 26 Februar
Beschreibung

Mir sichen fir dInternat zu Wolz: Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) am CDI mat 25-35 Stonnen/Woch

DInternat Wolz läit zentral, awer roueg, bei der Gare. Et ass e neit a modernt Gebai, ëmgi vun enger Wiss an engem Basketballterrain. D’Internat bitt 24 Schüler, déi am Norde vum Land an e Lycée ginn (LN, LESC, LCD, etc.), en Doheem un.


Deng Aufgaben:

* Encadrement vu Jugendlechen an hirem Alldag

* Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendlechen ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen

* Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen

* Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun de Jugendlecher

* Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a Lycéesproffe fërderen

Däi Profil:

* Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur (diplômé oder gradué)

* Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

* Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren

* Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

* Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)

Wat dech erwaart:

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bidd fir dech mat dengen Iddien a pedagogesch Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* E multidisziplinär a kollegiaalt Aarbechtsëmfeld

* Eng Platz, déi dir Stabilitéit an eng villverspriechend Zukunft am Beräich Kannerbetreiung gëtt

* E Gehalt am Kader vum SAS-Kollektivvertrag

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir dKompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Trier
Jobs Trier (Kreis)
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > NEW Educateur diplômé / gradué (M/W/NB) - Internat Wolz

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern