Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Konscht-/ergo-/bewegungstherapeut (m/w/nb) – nouveau cst à lamadelaine

Kruchten
ARCUS asbl
Bewegungstherapeut
Inserat online seit: 21 Juni
Beschreibung

Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

NEI STRUKTUR

Du bass op der Sich no enger neier Erausfuerderung?

Dann bass du bei eis genau richteg. Mir sichen motivéiert, passionéiert an dynamesch Leit mat dem Ofschloss an engem vun de genannte Beruffsfelder: Konschttherapeut/Ergotherapeut/Bewegungstherapeut (M/W/D) fir eng 30 Stonnen/ Woch CDI an eisem neien CST zu Lamadelaine.

Am Centre de jour socio-thérapeutique begleet eis multidisziplinär Equipe 6 Kanner am Prinzip am Alter vu 6 bis 12 Joer. Fir all Kand get et een individuelle Plang, deen am Laaf vu senger Entwéckung emmer erem ugepasst get. Mir gesin d’Verhaale vum Kand als seng Beméiung seng Struktur ze erhaalen an als déi, zu dem Zäitpunkt, beschtméiglech Léisung. Mir bauen Bezéiung ob an ennerstëtzen d’Kand, dass hat och a, fir hat, iwer-fuedernden Momenter ob seng Ressourcen zréckgräifen kann. Mir schaaffe Bewosstsäin fir eis eege Prozesser an Empfannen mat der Fro: Waat mecht daat Verhaale vum Kand mat mir? Sou gi mir an eng perséinlech Entwécklung, fir dem Kand een emmer bessert Géintiwer ze sin.

Responsabilitéiten:

Kanner am Alter vu 6 - 12 Joer am Kader vun eiser neier Dagesstruktur Centre socio thérapeutique am Alldag begleeden:

* therapeutesch an intensiv-pädagogesch Ënnerstëtzung vun de Kanner a Kooperatioun mat der pädagogescher Equipe

* Kooperatioun mat externe Partner a mat de Familljen



Obligatoresch Ufuerderungen:

* Du hues een unerkannten Diplom als Psycholog, Ergotherapeut, Konschttherapeut asw.

* Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Kanner

* Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch schwätzen

* Du hues d'Fäegkeet zu Selbstreflexioun a Selbstregulatioun



Wënschenswäert Ufuerderungen:



* Erfarung am Beräich vun der Kanner- a Jugendhëllef

* Zousazqualifikatiounen an de Beräicher Traumatherapie, Deeskalatioun Erlebnistherapie, systeemesch Berodung, Hypnotherapie asw. si vu Virdeel





Mir bidden dir:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld




Du bass Interesséiert? Da schéck eis nach haut deng Kandidatur!

Mir freeën eis dech geschwë kennen ze léieren.



(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

-----------------------------------

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Ähnliches Angebot
Konscht-/ergo-/bewegungstherapeut (m/w/nb) – nouveau cst à lamadelaine
Körperich
ARCUS asbl
Bewegungstherapeut
Ähnliches Angebot
Konscht-/ergo-/bewegungstherapeut (m/w/nb) – nouveau cst à lamadelaine
Menningen
ARCUS asbl
Bewegungstherapeut
Ähnliches Angebot
Konscht-/ergo-/bewegungstherapeut (m/w/nb) – nouveau cst à lamadelaine
Ammeldingen an der Our
ARCUS asbl
Bewegungstherapeut
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Gesundheit Jobs im Kreis Eifelkreis Bitburg-Prüm
Jobs Eifelkreis Bitburg-Prüm
Jobs Kruchten
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > Gesundheit Jobs > Bewegungstherapeut Jobs > Bewegungstherapeut Jobs im Kreis Eifelkreis Bitburg-Prüm > Konscht-/Ergo-/Bewegungstherapeut (M/W/NB) – Nouveau CST à Lamadelaine

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2025 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern