Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Fachbegleeder / educateur gradué (petite enfance) (m/w/nb) - focus

Konz
ARCUS asbl
Inserat online seit: 19 Juni
Beschreibung

Arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l'enfance an de Services d'éducation et d'accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Si bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Hues du Loscht, am Beräich vun der sozialpädagogescher Berodung, Begleedung a Weiderbildung ze schaffen? Da mëll dech elo.

Mir siche fir de Service Focus: Fachbegleeder Petite Enfance (M/W/NB) 30- 40 Stonnen/Woch, CDI


Responsabilitéiten

* Konzeptuell Begleedung vu Crèchen an hirer pädagogescher Qualitéitsentwécklung

* Pädagogesch Berodung vu Chargéen, Responsabelen an hiren Ekippen,

* Entwécklung an Ausschaffe vu pädagogesche Konzepter a Projeten,

* Formatiounen entwéckelen an hale fir Professioneller aus dem sozio-edukative Beräich

* Aktiv Reseauen zu pädagogesche Froestellungen entwéckelen a fërderen


Obligatoresch Ufuerderungen

* Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am Beräich Sciences Sociales et Éducatives

* Du hues relevant Zousatzqualifikatiounen, de Pikler-Grundkurs ass vu Virdeel

* Du hues Erfarung an der pädagogescher Aarbecht mat klenge Kanner

* Du kenns dech gutt mat der non-formaler Bildung aus

* Du hues Kompetenzen a bass kreativ an der Erwuessenebildung

* Du bass flexibel, schaffs autonom an och gäre mat Leit.

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schreiwen a schwätzen

* (bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)



Mir Bidden

* Zäit fir dech an d'Aarbecht als Fachbegleeder eranzeschaffen

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

-----------------------------------

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Konz
Jobs Trier-Saarburg
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > Fachbegleeder / Educateur gradué (petite enfance) (M/W/NB) - focus

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2025 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern