D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
zwee Agents pédagogiques (C3) oder Educateurs diplômés (C4)
fir hieren Familjenstärkungsdëngscht
CDI 75% - 80%
Är Aufgaben:
* Dir iwwerhuelt d’ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill a schwierege Liewenssituatiounen
* Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger Betreiung
* Orientéierung un de gesetzleche Grondlagen, de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn, dem nationale Rahmenplan vun der Kanner- a Familljenhëllef souwéi och den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
* Dir huelt un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
* Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l’Enfance (mesure 8.1)
* Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF
* Erstellung vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil:
* Dir hutt en unerkannten Diplom vum Educateur diplômé mat der « autorisation d‘exercer »
* Dir hutt eng wäertschätzend Haltung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat de Kanner, Jugendlech a jonken Erwuessene souwéi och den Elteren/ Familljen.
* Dir hutt Verantwortungsbewosstsein a staarken Teamgeescht.
* Fachlech Kenntnisser an de Beräicher SOP, Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz, systemesch- ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken si vu Virdeel, eng Bereetschaft zur Weiderbildung ass eng Viraussetzung.
* Dir sidd bereet, Är Aarbechtszäite flexibel de Bedierfnisser vun Äre Clienten unzepassen, dat heescht: Dir sidd tëscht Méindes bis a Samschdes am Asaz och bis an den Owend eran.
* Dir hutt e gudde Stress- a Krisemanagement.
* Dir hutt gutt redaktionell Fäegkeeten.
* Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, a villäicht nach eng véiert Sprooch.
* Dir hutt e Führerschäi B an een eegenen Auto
Mir bidden:
* Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
* Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
* Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
* Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C3 oder C4 laut Diplom)
* Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
* Liewenslaf mat Foto
* Motivatiounsbréif
* Kopie vum Diplom
* Autorisation d'exercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.