Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Assistant social (m/f/d) - service "riicht eraus" - lëtzebuerg - cdi - 20h (5600)

Kruchten
Croix-Rouge luxembourgeoise
Assistant
Inserat online seit: 19 Juni
Beschreibung

D'Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht

Assistant Social'en (M/F/D) – Referenz: 5600

De Service « Riicht Eraus » vun der Croix-Rouge, deen als Missioun d'psychologesch Berodung vun Täter vu Gewalt am Stot huet, ass op der sich no zwou Assistant Social'en.

Aarbechts Konditiounen:

* CDI-Kontrakt fir en Ufank sou séier wéi méiglech
* Mat enger Stonnenzuel vun 20 Stonnen d'Woch
* Ënnert CCT-SAS Kollektivvertrag, Karriär C6
* Aarbechtsplaz: Lëtzebuerg-Stad

D'Missiounen:

* Als Assistante Sociale wäert Dier de soziale Volet an dësem Service iwwerhuelen an dem Begënschtegen ee psycho-sozialen Accueil, Begleedung an Ënnerstëtzung ubidden
* Enk mat deenen anere Membere vum Service Riicht Eraus zesumme schaffen an Iech reegelméisseg austauschen
* Gespréicher féiere mat de Begënschtege vum Service Riicht Eraus an esou ee Kontakt hierstellen deen ouni Jugement ass an op Vertrauen a Bienveillance baséiert
* Individuell Besoin'e vun alle Begënschtegen erkennen an se iwwert di néideg Informatioune fir Ulafstellen a Rechter opklären
* D'Begleedung vun de Begënschtegen an hirem Denkprozess an Decisioune wärend deene verschiddenen administrativen Demarchen
* An engem aktiven Netzwierk mat aneren Acteuren an Organisatioune schaffen
* Deelhuelen un der Weiderentwécklung an dem Projet vum Service Riicht Eraus an esou de Kampf géint heislech Gewalt ënnerstëtzen

Profil:

* Dir besetzt een Diplom als Assistant Social an d'Erlabnis a Lëtzebuerg ze exerzéieren
* Dir schwätzt Lëtzebuergesch a Franséisch. Englesch, Däitsch an all zousätzlech Sprooch ass vu Virdeel
* Professionell Erfarungen an der Aarbecht mat Täter vu Gewalt ass vu Virdeel
* Dir besetzt gutt Kenntnisser vum lëtzebuergesche Soziale Reseau
* Dir kennt gutt nolauschteren, sidd empathesch a kommunikativ
* Dir hutt Teamgeescht a sidd engagéiert
* Dir sidd flexibel an de Schaffzäiten
* Dir maîtriséiert di gängeg informatesch Outil'en
* Dir hutt e Führerschäin

Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Ähnliches Angebot
Service assistent
Ammeldingen an der Our
Merbag S.A. Luxembourg
Assistant
Ähnliches Angebot
Assistant administratif
Neuerburg
beBee Careers
Assistant
Ähnliches Angebot
Kaufmännische assistentin
Gentingen
beBee Careers
Assistant
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Dienstleistung Jobs im Kreis Eifelkreis Bitburg-Prüm
Jobs Eifelkreis Bitburg-Prüm
Jobs Kruchten
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > Dienstleistung Jobs > Assistant Jobs > Assistant Jobs im Kreis Eifelkreis Bitburg-Prüm > Assistant social (M/F/D) - Service "Riicht Eraus" - Lëtzebuerg - CDI - 20h (5600)

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2025 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern