Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Educateurs diplômés (m/w/nb) - crèche internationale de belair

Mettlach
ARCUS asbl
Inserat online seit: 2 April
Beschreibung

Mir siche fir d'Crèche Internationale de Belair: Educateurs diplômés (M/W/NB) am CDI mat 30/40 Stonnen/Woch


An der Crèche Internationale de Belair gleewe mir drun, datt déi éischt Liewensjoren eng ganz besonnesch Zäit vun Entdeckung a perséinlecher Entwécklung sinn. An dëser Struktur begleede mir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer an engem sécheren a respektvollen Ëmfeld, wou Wuelbefannen an individuell Fërderung am Mëttelpunkt stinn. Mat Engagement, Professionalitéit a Freed schafe mir Raim fir kreativ Spillmomenter, sozial Léiererfarungen a pädagogesch Projeten, déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet stäerken.



Deng Aufgaben:

* Du empfänks a begleets Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer

* Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

* Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

* Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren



Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

* Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (Ëffnungszäite vun der Crèche: 7h00–19h00)

* Du kanns esouwuel selbststänneg ewéi och am Team schaffen a bréngs e staarken Teamgeescht mat

* Du bass organiséiert, motivéiert a kreativ an denger Aarbechtsweis

* Du hues gutt sozial a kommunikativ Kompetenzen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2), all aner Sproch ass vu Virdeel



Waat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Merzig-Wadern
Jobs Mettlach
Jobs Saarland
Home > Stellenangebote > Educateurs diplômés (M/W/NB) - Crèche internationale de Belair

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern