Mir siche fir de Service Betreit Wunnen (Regioun Norden/Osten): Educateur gradué (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/WochD’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom Liewens- an Handlungsweis z’entwéckelen. Op Aenhéicht bereet eis multidisziplinär Ekipp déi Jonk op hir Zukunft vir a begleet si op hirem Wee an d’Onofhängegkeet. Dozou gehéiert, datt déi Jonk een eegent Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder e Studio zur Verfügung gestallt kréien. Fir d’Qualitéit vun der Aarbecht ze stäerken, hunn d’Mataarbechter duerch Supervisiounen an Eenzelcoachings mam Chef de Groupe d’Méiglechkeet, sech ze reflektéieren an sech perséinlech ewéi och fachlech weiderz’entwéckelen. Sou sinn si optimal op déi berufflech Erausfuerderungen am Alldag virbereet.Deng AufgabenVerantwortung fir 2-3 Wunngemeinschaften am Norden/Osten vum LandBegleedung an Ënnerstëtzung vun 7-8 jonken Erwuessenen an hirem Alldag (Wéchentlech Eenzelgespréicher, Ausschaffe vun Ziler, Anbléck an déi finanziell Situatioun, asw.)Ausféieren vu sozialpädagogeschen OpträgPlangen an Ausféieren vu GruppenaktivitéitenKoordinatioun an Zesummenaarbecht mat internen an externen KooperatiounspartnerPlanifikatioun a Leedung vu GrupperversammlungenDäi ProfilDu hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur graduéDu hues Beruffserfarung mat jonken ErwuessenenDu bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffenDu hues deng Stäerkten am Beroden a Begleeden vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kannDu kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffenDu kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sproch ass vu VirdeelDu hues den Fürerschäin B an en eegenen AutoWat dech erwaartMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffenEng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SASEn ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngenWeiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bassEn dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär AarbechtsëmfeldIwwert eisarcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)