D’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt fir hier Jugendwunngrupp
de Saccly zu Ierpeldeng
engagéiert Fachleit déi Kanner a Jugendlecher
wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.
Dir sidd Éducateur diplômé
an Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen
an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?
Da kommt bei eis an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.
Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.
Mir freeën eis op Är Kandidatur !
Är Aufgaben:
* Aarbechtsdeeg vu Méindes bis Donneschdeg ausser wärend de Schoulvakanze (Daags- a Nuetsschichte)
* Dir sidd Responsabel fir d'schoulesch Hëllef
* Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung
* Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Jugendlechen
* Treffe vun Alldagsentscheedungen an Ëmsetzung vun dësen Entscheedungen no Récksprooch mam Chef de groupe an de Mataarbechterinnen
* Garantéiere vun engem pedagogesch séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt sech weider ze entwéckelen
* Dir huelt verantwortungsvoll un Teambespriechungen, Formatiounen a Supervisiounen deel a bannt Iech aktiv mat an
* Dir sidd Bezuchserzéier vun engem oder zwee Kanner
Äre Profil:
* Dir hutt en unerkannten Diplom oder eng Equivalenz mat der „autorisation d‘exercer“
* Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen
* Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet
* Dir hutt gutt Kenntnisser iwwert de Schoulsystem
* Fäegkeet fir systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
* Teamfäegkeet a Bereetschaft an engem multidisziplinären Team ze schaffen
* Führerschäin (B)
* Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sproochen si vu Virdeel
* Dag- an Nuetsschichte souwéi Weekendaarbecht a Feierdeeg
Mir bidden:
* Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef.
* Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- a Jugendschutz.
* Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen.
* Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4).
* Sympass Kaart.
Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:
* Motivatiounsbréif
* Liewenslaf mat Foto
* Kopie vum Diplom
* Autorisation d'excercer
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.