D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf stellt
en Educateur diplômé oder gradué als Chef de Groupe
fir seng Kanner- a Jungendwunngrupp "Maison 12" zu Miersch an
Är Aufgaben :
* Ëmsetzung a Sécherung vun enger qualitativ héichwäerteger pedagogescher Betreiung, fir d’Wuel vun de Jugendlechen
* Leedung vun engem Wunngrupp mat Kanner &Jugendlechen an engem Mataarbechterteam
* Ëmsetzung vun de Konditiounen déi an der Convention-cadre festgehale sinn
* Ëmsetzung vun den organisatiounsiwwergräifende konzeptuelle Grondlagen
* Dir schafft am deeglechen Encadrement mat eise Kanner & Jugendlechen
* Zesummenaarbecht mam Chargé de Direction a vernetzt mat all de Chef de Groupen aus den anere Beräicher vum SOS Kannerduerf Lëtzebuerg souwéi mat extern Partner ;
* Verantwortung fir d'Gestioun vum Budget
* Organisatioun vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher, Supervisiounen
Äre Profil:
* Dir hutt en unerkannte Diplom als Educateur dipômer mat der autorisation d'excercer, e Bachelor Studium an der Sozialpädagogik / Éducateur gradué oder eng Equivalenz
* Fäegkeet fir systemesch-, Ressourcen- a léisungsorientéiert Denken an Handelen
* Leedungs- a Féierungskompetenzen
* Fachkompetenzen an de Beräicher Bindung an Trauma, Kanner- an Jugendschutz
* Motivatioun, Wäertschätzung an Handlungskompetenz an der Zesummenaarbecht mat den Elteren/ Familljen
* Motivatioun zu flexibelen Aarbechtszäiten, orientéiert um Bedarf vun de Jugendlechen an de Mataarbechter/innen
* Dir sidd bereet Dag- an Nuetsschichten, souwéi Weekends a Feierdeeg ze schaffen
* Wäertschätzend a sécher Gespréichsféierung
* Fäegkeet fir eng qualitativ héichwäerteg Dokumentatioun
* Sproochen: Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, weider Sproochen si vu Virdeel
* Führerschäin (Klass B)
Mir bidden :
* Dir sidd een Deel vun engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef
* Weiderbildung an de Beräicher, Bindung an Trauma, Kanner a Jugendschutz
* Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen
* Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C4 / C6 laut Diplom)
* Sympass Kaart
Schéckt aer Kandidature online op a lued folgend Dokumenter erop :
* Motivatiounsbréif
* CV mat Foto
* Kopie vum Diplom
Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.