D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Graduéiert Erzéier oder Assistant social (m/w/d) – Referenz: 6428
fir säi Service «ORIBeHo» zu Bartreng am CDI fir 40 Stonnen/Woch.
D’Aarbecht vum Service ORIBeHo vum Lëtzebuerger Roude Kräiz besteet am Allgemengen doran, Elteren an héije Konfliktsituatiounen am Fall vun Trennung oder Scheedung ze beroden, mat dem Schwéierpunkt op eng zukünfteg Ausübung vun hirer Eltereverantwortung, déi dem Wuelbefanne vum Kand förderlech ass.
Missioun:
* Mat getrennten héichstrittegen Elteren an hiere Kanner schaffen
* Mat enger wäertschätzender, transparenter Haltung den Familljen begéinen an kloer an deseskaléirend mat hinnen eng Elternschaft probéiren ze gestalten, déi op d’Wuelbefannen vum Kand zentréiert ass.
* Elterenkompetenz duerch Berodung verstäerken
* Klärung vun den zwee getrennten Familiesystemer
* Elterengespréicher féieren
* Begleedung beim Obhutswiessel
* Aarbecht mat de betraffene Kanner
Profil:
* Unerkannten Diplom als graduéierten Erzéier oder Assistant social mat Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren
* Berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich vu minimum 5 Joer
* Eng zousätzlech Formatioun am Beräich systemesch Therapie, Familljentherapie oder Mediatioun ass vu Virdeel
* Onbedéngt néideg ass d’Beherrschung vun den dräi Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) ; all weider Sprooch gëllt als Virdeel
* Flexibilitéit betreffend d’Aarbechtszäiten
* Gutt redaktionell Fäegkeeten
* Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsinn
* Führerschäin B
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.