Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New educateur diplômé (m/w/nb) - crèche stauséi (harel)

Konz
ARCUS asbl
Inserat online seit: 19 März
Beschreibung

Mir siche fir d'Crèche Stauséi zu Harel: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 30-40 Stonnen/ Woch


D’Crèche Stauséi bitt Plaz fir 56 Kanner a verfüügt iwwer 4 gutt equipéiert Raim mat altersspezifescher Ariichtung. Di 4 Grupperaim hunn e direkten Zougang zu der Terrasse, déi verschidde Spillofferen erméiglecht. De Bausseberäich souwéi e Bësch an der direkter Noperschaft bidden zousätzlech Méiglechkeeten zum Entdecken a Spillen.


Deng Aufgaben:

* Du empfänks a begleeds d’Kanner vun 0-4 Joer

* Du wierks bei edukative Projete mat, déi un d’Besoine vun de Kanner ugepasst sinn

* Du ënnerstëtz d’Kand a senger individueller Entwécklung

* Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren


Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen (minimum B2)

* Du hues e Permis B


Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Konz
Jobs Trier-Saarburg
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > NEW Educateur diplômé (M/W/NB) - Crèche Stauséi (Harel)

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern