Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New éducateur gradué/assistant social (m/w/nb) - centre formida

Saarburg
ARCUS asbl
Assistant
Inserat online seit: 2 April
Beschreibung

Mir siche fir den Centre Formida een Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 35-40 Stonnen/Woch.

De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen! Weider Infoe fënns du ënnerformida.lu

Deng Aufgaben:

* Du bass responsabel fir d’Planung an den Suivi vun den Hëllefspläng an Entwécklungspläng (Opnam, Orientéierung, individuell Begleedung) vun de Jugendlechen

* Du begleets a beréits d‘Equipe bei der Orientéierung vun de Jugendlechen am Kader vun hirem individuellen Entwécklungsplang

* Du koordinéiers d’Kooperatioun mat de Familljen, externe Servicer a Lycéeën

 

 Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom a verfüügs iwwert Zousazqualifikatioune déi fir deen Beräich interessant sinn

* Du hues eng Beruffserfarung vu minimum 5 Joer

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch schwätzen

* Du kenns den Aarbechtskader vum “Aide à l’enfance et à la famille” Gesetz, souwéi d’Rahmebedingunge vum lëtzebuergesche schouleschen a sozioprofessionelle Kontext

* Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren

* Du bass kompetent an der Entwécklung, Duerchféierung a Berodung vu Strategie bezüglech individueller Hëllefsmoossnamen

* Du kanns eng fachlech Dokumentatioun vum Hëllefsplangprozess opstellen

 

Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

 

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

 

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Ähnliches Angebot
Assistant d'accompagnement au quotidien / aide socio-familiale (m/w/d) - hilfs- und pflegezentrum in frisange
Konz
Stëftung Hëllef Doheem
Assistant
Ähnliches Angebot
Stage assistant social
Saarburg
Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP)
Assistant
Ähnliches Angebot
Assistant d'accompagnement au quotidien / aide socio-familiale (m/w/d) - hilfs- und pflegezentrum in hosingen
Konz
Stëftung Hëllef Doheem
Assistant
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Dienstleistung Jobs in Saarburg
Jobs Saarburg
Jobs Trier-Saarburg
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > Dienstleistung Jobs > Assistant Jobs > Assistant Jobs in Saarburg > NEW Éducateur gradué/Assistant social (M/W/NB) - Centre Formida

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern