Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New chef de groupe (m/w/nb) - betreit wunnen

Konz
ARCUS asbl
Inserat online seit: 20 Januar
Beschreibung

Mir siche fir eise Service „Betreit Wunnen“: Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom a selbststänneg Liewens- an Handlungsweis ze entwéckelen. An engem multidisziplinären Team ginn si individuell beroden, opgeholl an op hirem perséinleche Wee begleet. De Service stellt de Jonken entweder en Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder ee Studio zur Verfügung. All Mataarbechter profitéiert vu reegelméissege Fall- a Teamsupervisiounen, souwéi vun Eenzelcoachingen mam Chef de Groupe. Dëst erméiglecht eng kontinuéierlech Reflexioun, perséinlech Weiderentwécklung an eng gutt Virbereedung op d’Erausfuerderunge vum professionellen Alldag.


Deng Aufgaben:

* Fachlech an organisatoresch Leedung vun der Regioun Zentrum vum Service

* Opbau a Fleeg vun engem Netzwierk mat wichtegen Acteuren aus dem soziale Beräich an der Regioun Zentrum

* Enkt Zesummeschaffen mat internen an externe Kooperatiounspartneren

* Organisatioun a Moderatioun vun Teamversammlungen

* Organisatioun an Duerchféierung vu reegelméissege Mataarbechtercoachingen

* Sécherstelle vun der pädagogescher Qualitéit an enger konformer, professioneller Dokumentatioun

* Féiere vun Zilvereinbarungs- an Evaluatiounsgespréicher mat jonken Erwuessenen

* Fachlech a methodesch Ënnerstëtzung vun der Ekipp an der individueller Begleedung vun de jonken Erwuessenen

* Iwwerhuele vun enger transparenter a kloer definéierter Schnëttstell tëschent dem Team an der Direktioun/Leedung

Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am soziale Beräich

* Du hues mindestens 5 Joer Beruffserfarung am edukativen oder sozialpädagogesche Beräich

* Du fills dech fäeg a bereet Verantwortung fir eng Ekipp ze iwwerhuelen

* Du hues de Fürerschäin B an een eegenen Auto

* Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen

* Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleede vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann

* Du bass motivéiert a flexibel an engem Ëmfeld ze schaffen an deem Imprevuen a Changementer Deel vun denger Aarbecht sinn

* Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schreiwen a schwätzen, all weider Sprooch ass vu Virdeel

* Weiderbildungen an/oder praktesch Erfarung an de follgende Beräicher ass vu Virdeel: Deseskalatiounsmanagement, Systemesch Autoritéit, Systemesch Berodung

Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Konz
Jobs Trier-Saarburg
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > NEW Chef de groupe (M/W/NB) - Betreit Wunnen

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern