Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Educateur diplomé / gradué (m/w/nb) - familljenbegleedung (assistance familiale & placement familial)

Konz
ARCUS asbl
Inserat online seit: 5 Mai
Beschreibung

Mir siche fir eise Service Familljenbegleedung (Assistance familiale & Placement familial) an der Stad Lëtzebuerg en Educateur diplômé oder gradué (m/w/d) am CDI mat 32-40 Stonnen/Woch.


Eis regional Familljenhaiser sinn eng zentral Ulafstell fir verschidden ambulant Servicer bidden eng ganzheetlech Äntwert op d’Besoinen vu Kanner, Jugendlechen a Familljen.


Deng Aufgaben:

Du intervenéiers am Doheem vun de Familljen a Fleegefamilljen, fir Kanner, Elteren a Fleegeeltere mat enger pädagogescher Ënnerstëtzung a Schutzdynamik ze begleeden:

* Eng individuell pädagogesch Begleedung fir Kanner a Jugendlecher assuréieren

* Elteren a Fleegeelteren an der Ausübung vun hirer Eltereverantwortung ënnerstëtzen

* Aktivitéiten an Ënnerstëtzungsmoossnamen ëmsetzen déi Autonomie, Sozialiséierung a Wuelbefanne vum Kand fërderen

* Familljesituatioune observéieren an analyséieren

* Un Teamréuniounen an Austauschsëtzunge mat externe Partner (Schoulen, sozial Servicer, asw) deelhuelen

* Interventiounsrapporte a schrëftlech Dokumentatioun ausschaffen


Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé oder gradué

* Du hues minimum 5 Joer Beruffserfarung an engem änleche Posten

* Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten (weekend, soirée, coupé.)

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Englesch an Däitsch schwätzen (minimum C1), all aner Sprooch ass vu Virdeel

* Du hues de Permis B an en Auto


Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun dengem Beruff bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Konz
Jobs Trier-Saarburg
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > Educateur diplomé / gradué (M/W/NB) - Familljenbegleedung (Assistance familiale & Placement familial)

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern