Mir sichen fir eis Agencen am Land :
Responsabilitéiten
Är haaptsächlech Responsabilitéiten:
* Den Accueil vun de Clientë vun der Agence, perséinlech oder um Telefon, assuréieren,
* op Froe vun de Clientë vun der Agence reagéieren,
* Dossieren preparéieren, fir d'Visitte vu geschäftleche Clienten,
* d'Redaktioun vun neien Offeren a Kontrakter iwwerhuelen,
* de Suivi vun den Dossieren vun de Sinistren assuréieren,
* Iech ëm d'(elektronesch a bréiflech) Post bekëmmeren.
Wann Dir motivéirt sidd iech weider ze bilden an Dir hutt eng kommerziel Oder / sidd kommerziel ungehaucht, kenn Dir och:
* d'Verkafsaktioune vum Grupp suivéieren,
* de Suivi vun den Aktiounen assuréieren, déi vun der Agence gefuerdert gi sinn.
Obligatoresch Ufuerderungen
* Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
* Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
* Dir schafft grëndlech a sidd gutt organiséiert,
* Dir hutt e gutt Gespier fir de Service un de Client.
* Eng éischt Erfahrung wär vun Virdeel.
Mir bidden
* e Programm u Formatiounen, déi Ärem Profil an Äre Responsabilitéiten entspriechen,
* en dynameschen a professionellen Environnement.
-----------------------------------