D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz stellt an
E Sozialaarbechter an Chargé de Direction Adjoint (M/F/D) – Referenz: 5802
fir säi Service LISKO op Basis vun engem CDI mat 40 Stonnen/Woch. De Posten ass sou séier wéi méiglech ze besetzen.
De Service LISKO huet als Zil, d’Autonomiséierung an d’Integratioun vun de Beneficiairen ënner internationalem (BPI) an temporärem Schutz (BPT) an d’lëtzebuergesch Gesellschaft ze fërderen. Dëse Prozess geschitt duerch eng psychosozial Begleedung, déi spezifesch a personaliséiert ass an un de Rhythmus vun all eenzelner Persoun ugepasst gëtt. De Service LISKO mobiliséiert d’Ressourcë vun de Beneficiairen, baut e perséinlecht Ënnerstëtzungsnetz ronderëm all Persoun op, bitt verschidde Workshops un, fir d’Integratioun ze vereinfachen, a schafft mat ausgebilten interkulturellen Dolmetscher, fir eng géigesäiteg Versteesdemech ze fërderen. Zousätzlech proposéiert de LISKO Formatioune fir Fachleit aus dem soziale Secteur an aus de Gemengen, besonnesch am Kader vum interkulturelle Mënsch-Zesummeliewen.
Missiounen:
* Psychosozial Begleedung assuréieren, andeems d’Beneficiairen an hire Schrëtt ënnerstëtzt ginn an hinne Léisungsusätz ugebuede ginn, déi un hir Situatioun ugepasst sinn.
* D’Besoine vu vulnerabele Persounen evaluéieren.
* D’Effikassitéit vum soziale Suivi garantéieren.
* D’Ouverture, d’Zouweisung an d’Ofschloss vun Dossieren an der Datebank superviséieren.
* Komplex Dossieren oder Beneficiairë mat spezifesche Schwieregkeete geréieren.
* Workshops animéieren a gruppendynamesch Methodologien uwenden.
* Un der Koordinatioun an dem Suivi vum gudde Fonctionnement a vun der Qualitéit vun allen Aktivitéiten a Projeten am Service deelhuelen, souwéi um Entwécklungsplang.
* Matwierken un der Encadrement, dem Support an der Supervisioun vum Ekippe vum Service, déi aus Sozialaarbechter, Dolmetscher, engem Psycholog, administrativem Personal a Projet verantwortleche besteet.
* D’Kohärenz tëscht den Aktioune vum Service an de festgeluechten Ziler iwwerwaachen
* Matwierken un der Ausaarbechtung, Aktualiséierung an Uwendung vu Prozeduren a Positiounspabeieren.
* Matwierken un der Redaktioun vun Aktivitéitsrapporten a Budgetsfroen.
* Participatioun un der Virbereedung, Animatioun a Planung vu Service Versammlungen, thematesch Aarbechtsgruppen an alljärlechen Aktiounsplang.
* Intern Zesummenaarbecht mat anere Servicer vum Lëtzebuerger Rout Kräiz (z. B. CLES, OS, SALU, SMR, asw.) ënnerstëtzen, matdrécken a fërderen.
* D’extern Zesummenaarbecht tëscht Sozialämter, Foyeren an anere Partner aus dem soziale Reseau fërderen a koordinéieren.
* Matwierken un d' Rekrutéierung vun neie Mataarbechter a Kooperatioun mat de Ressources Humaines an dem Chargé de Direction, souwéi d’Begleedung vun der Integratioun vun nei Mataarbechter.
* Participatioun un der Gestioun vu Congésdemanden a Recuppzäiten.
Gesichte Profil:
* Diplom als Sozialaarbechter mat Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg auszeüben
* Déifgräifend Kenntnisser vun der sozialer Gesetzgebung a vum sozialen Hëllefssystem
* Versteesdemech fir d’spezifesch Bedierfnesser vu vulnerabele Populatiounen
* Sécherheet an Interventiouns Methoden a Kreativitéit bei der Sich no passende Léisungen
* Eng bestätegt Erfarung am soziale Secteur zu Lëtzebuerg, idealerweis mat Migrante Populatiounen
* Sproochekenntnisser : Franséisch, Englesch a Lëtzebuergesch (all aner Sprooch ass e Virdeel)
* Bewisen Erfarung am Ëmgang mat multikulturelle Gruppen a Sensibilitéit fir interkulturell Themen
* Leadership, Teamleedung a Projetmanagement-Kompetenzen
* Verantwortungssënn, Autonomie an Initiativ Fäegkeeten
* Fäegkeet, sech un nei Situatiounen unzepassen, gutt organiséiert ze schaffen an Nout- oder Konfliktsituatiounen ze geréieren
* Staark analytesch, redaktionell a kommunikativ Kompetenzen, mat engem gudde Sënn fir d'Synthees
* Teamfäegkeet a bewisen Erfarung an der Animatioun vu Gruppen
* Gutt IT-Kenntnisser
* Führerschäin a eegen Auto si verlaangt
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.