Äre Profil :
* Dir hutt een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Grafiker an dir hutt mindestens 5 Joer Beruffserfarung am Beräich
* Dir beherrscht d’Lëtzebuerger Sprooch an hutt eng gutt Maîtrise vun der franséischer an däitscher Sprooch
* Dir sidd teamfäeg, zouverlässeg, flexibel an hutt fachlech an sozial Kompetenzen
* Dir sidd empathesch an hutt een gudden “sens de l’écoute”
* Dir hutt excellent PC-Kenntnisser (PAO Software: Illustrator, Photoshop, InDesign) a Microsoft Office
Är Missiounen :
* Kreativ Gestaltung vun Medienprodukten, wéi zum Beispill Dréck- a Digitalkomponenten. Dir wäert zesummen mat dem Client schaffen, fir d’Ufuerderungen ze definéieren, Daten ze sammelen a se dann fir de jeeweilegen Produktiounszweck ze preparéieren
* Kooperatioun an Austausch mat internen an externen Servicer
* Virbereedung, Iwwerwaachung an Ausféierung vun der Aarbecht vum Team
Mir bidden:
* ee Gehalt entspriechend der CCT-SAS Carrière C4 (mat 13. Mount, minimum 34 Deeg Congé pro Joer an nach aner Avantagen)
* eng flott Aarbecht an engem multidisziplinären Team
* an encouragéieren Är professionell Weiderbildung
Réf.AK2601
RCS Luxembourg : B 21.238