D’Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
En Educateur Diplomé (M/F/D) – Referenz: 6560
fir säi psychotherapeuteschen Internat vum Centre Thérapeutique KannerhausJean zu Berg/Betzdorf am CDI ab dem 01.09.26 fir 32 Stonnen/Woch.
Missiounen:
* Therapeutesch-pedagogesch Betreiung an enger Dages- an Nuetsstruktur, déi op d‘spezifesch Besoinen vum Kand ugepasst ass
* Koordinatioun vum therapeuteschen Suivi am Austausch mam multidisziplinären Team vum Kannerhaus Jean (Psychologen, Enseignanten etc.)
Profil:
* Unerkannten Diplom als diploméierten Erzéier
* Zousätzlech pedagogesch oder therapeutesch Formatiounen si vu Virdeel
* Berufflech Erfarung am Beräich Kannerbetreiung
* Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsin
* Lëtzebuergesch an Däitsch beherrschen
Fir d’ Aschätzung vun Ärer Honorabilitéit an ënnert Berécksiichtegung vun den spezifeschen Bedierfnisser vum ausgeschriwwenen Posten gidd Dir am Fall vun enger Astellung en Extrait vun Ärem Casier judiciaire gefrot.