Mir siche fir d'Internat Mäerzeg: Educateur diplômé (M/W/NB) am CDI mat 35 Stonnen/Woch
D'Internat Mäerzeg bitt Plaz fir 26 Kanner aus der Primärschoul. Hei fënns du eng Rëtsch Raimlechkeeten an e grousse Bausseberäich déi de Besoine vun de Kanner entspriechen. Mäerzeg, als naturno Uertschaft, ass déi ideal Platz vill flott Aktivitéiten zesumme mat enger qualifizéierter a motivéierter Ekipp ze gestalten.
Deng Aufgaben:
* Encadrement vu Kanner an hirem Alldag
* Entwécklung vu Bildungssettings, déi individuell un d’Entwécklung vun de Jugendleche ugepasst sinn, sou datt si sech beschtméiglech op d’Ufuerderunge vun der Schoul virbereede kënnen
* Uleedung zu engem kreative Bildungs- a Fräizäitverhalen
* Ënnerstëtzung bei allen alldagsprakteschen Aufgaben am Hibléck op d‘Verselbstännegung vun den Jugendlecher
* Eng enk Zesummenaarbecht mat den Elteren a mam Schoulpersonal fërderen
Däi Profil:
* Du hues een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
* Du bass op fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen
* Du bass strukturéiert, organiséiert a kanns gutt observéieren an dokumentéieren
* Du bass kreativ an der Gestaltung vu Bildungsprozesser
* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen
* Du bass flexibel wat d’Aarbechtszäiten ugeet (Dag- a Nuetsschichten)
Wat dech erwaart:
* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
Iwwert eis :
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Si ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu sengen 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.
(bei enger Astellung froe mir de casier judiciaire)