Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

D'jugendwunngrupp, de schneider haff zu alzéng

Bauler
SOS KANNERDUERF LËTZEBUERG
Schneider
Inserat online seit: 1 Mai
Beschreibung

Sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.


Dir wëllt Iech am soziale Beräich asetzen, Verantwortung iwwerhuelen an e reelle Bäitrag fir d’Zukunft vu Kanner a Jugendleche leeschten?


Da kommt an eng Equipe, déi zesummenhält, déi Vertrauen an Engagement lieft,
an déi all Kand a senger Eenzegaartegkeet respektéiert an ënnerstëtzt.


Zesumme schafe mir e séchert, stabilt an respektvollt Ëmfeld, an deem Kanner a Jugendlech sech kënnen entwéckelen, wuessen an hir Stäerkte entdecken.


Mir freeën eis op Är Kandidatur !



Mir stellen een Agent éducatif (m/w/d) an


Carrière C2 bis C3 laut Diplom


CDI 75 %

Är Aufgaben:

* Dir schafft am deeglechen Encadrement vu Kanner a Jugendlechen

* Zesumme mat ären Team-KolleegInnen an a Récksprooch mam Chef de groupe suergt Dir fir e pedagogesch strukturéierten a séchere Kader, deen et de Kanner a Jugendlechen erlaabt, sech weider ze entwéckelen a selbststänneg ze ginn

* Dir sidd Referenzerzéier vun engem oder zwee Kanner oder Jugendlechen


Äre Profil:

* Dir hutt en unerkannten Ofschloss, deen de gesichte Profiller entsprëcht, souwuel wéi « d’Autorisation d’exercer » wann dir Educateur diplômé sidd oder d’« Formation de l’accueil de base » wann dir Aide-éducateur sidd

* Dir sidd flexibel wat d‘Aarbechtszäiten ugeet (Dag- an Nuetschichten)

* Dir sidd teamorientéiert a bereet an engem multidisziplinären Team ze schaffen

* Dir hutt eng zilorientéiert a strukturéiert Aart a Weis ze schaffen

* Dir hutt eng gutt Beobachtungs- a Reflexiounsfäegkeet

* Dir hutt Spass un systemesch-, ressourcen- a léisungsorientéiertem Denken an Handelen

* Dir hutt de Führerschäin (B)

* Dir schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, all weider Sprooch assi vu Virdeel


Mir bidden:

* Eng diversifizéiert an interessant Aarbecht bei engem zouverlässegen a kompetenten Acteur an der Kanner- a Jugendhëllef

* Reegelméisseg Weiderbildung an de Beräicher Bindung an Trauma, SOP, Kanner- a Jugendschutz

* Reegelméisseg Teamversammlungen, Supervisiounen, Formatiounen

* Remuneratioun laut Kollektivvertrag CCT-SAS (C2 bis C3 laut Diplom)

* Sympass Kaart


Mir bieden Iech folgend Dokumenter am Formulaire eropzelueden:

* Motivatiounsbréif

* Liewenslaf mat Foto

* Kopie vum Diplom

* Autorisation d'excercer (Educateur diplômé)


Am Fall vun engem Recrutement, gidd dir d'Casiers judiciaires n°3, n°4 a n°5 gefroot.

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Dienstleistung Jobs im Kreis Ahrweiler
Jobs Ahrweiler
Jobs Bauler
Jobs Rheinland-Pfalz
Home > Stellenangebote > Dienstleistung Jobs > Schneider Jobs > Schneider Jobs im Kreis Ahrweiler > D'Jugendwunngrupp, de Schneider Haff zu Alzéng

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern