Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

New educateur gradué / assistant social (m/w/nb) - betreit wunnen (regioun süden)

Merzig
ARCUS asbl
Assistant
Inserat online seit: 11 Februar
Beschreibung

Mir siche fir de Service Betreit Wunnen (Regioun Süden): Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/Woch


D’Betreit Wunnen bitt jonken Erwuessenen am Alter vu 17 bis 27 Joer d’Méiglechkeet, eng autonom Liewens- an Handlungsweis z’entwéckelen. Op Aenhéicht bereet eis multidisziplinär Ekipp déi Jonk op hir Zukunft vir a begleet si op hirem Wee an d’Onofhängegkeet. Dozou gehéiert, datt déi Jonk een eegent Zëmmer an enger Wunngemeinschaft oder e Studio zur Verfügung gestallt kréien. Fir d’Qualitéit vun der Aarbecht ze stäerken, hunn d’Mataarbechter duerch Supervisiounen an Eenzelcoachings mam Chef de Groupe d’Méiglechkeet, sech ze reflektéieren an sech perséinlech ewéi och fachlech weiderz’entwéckelen. Sou sinn si optimal op déi berufflech Erausfuerderungen am Alldag virbereet.



Deng Aufgaben:

* Verantwortung fir 2-3 Wunngemeinschaften am Süden vum Land

* Begleedung an Ënnerstëtzung vun 7-8 jonken Erwuessenen an hirem Alldag (Wéchentlech Eenzelgespréicher, Ausschaffe vun Ziler, Anbléck an déi finanziell Situatioun, asw.)

* Ausféieren vu sozialpädagogeschen Opträg

* Plangen an Ausféieren vu Gruppenaktivitéiten

* Koordinatioun an Zesummenaarbecht mat internen an externen Kooperatiounspartner

* Planifikatioun a Leedung vu Grupperversammlungen



Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Bachelor-Diplom am sozio-edukative Beräich

* Du hues Beruffserfarung mat jonken Erwuessenen

* Du bass bereet deng Aarbechtsgestaltung selbststänneg ze iwwerhuelen a flexibel Auerzäiten ze schaffen

* Du hues deng Stäerkten am Beroden a Begleeden vun individuelle Projeten, erkenns Ressourcen a weess wéi een dës weiderentwéckelen an asetze kann

* Du kanns esouwuel selbststänneg, ewéi och an der Ekipp schaffen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sproch ass vu Virdeel

* Du hues den Fürerschäin B an en eegenen Auto



Waat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.

(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Ähnliches Angebot
Aide catering - cdd 9 mois / catering assistant – befristeter vertrag (9 monate)
Mettlach
Befristet
Luxair
Assistant
Ähnliches Angebot
Stage assistant social
Merzig
Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP)
Assistant
Ähnliches Angebot
Stage assistant social
Saarburg
Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP)
Assistant
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Dienstleistung Jobs in Merzig
Jobs Merzig
Jobs Merzig-Wadern
Jobs Saarland
Home > Stellenangebote > Dienstleistung Jobs > Assistant Jobs > Assistant Jobs in Merzig > NEW Educateur gradué / Assistant social (M/W/NB) - Betreit Wunnen (Regioun Süden)

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern