Inserat online seit: Veröffentlicht vor 21 Std.
Aufgaben der Stelle
D’Lëtzebuerger Rout Kräiz stellt an
Junior Qualitéit a Risikomanagement Beroder (M/F/D) (6563)
fir de Service Qualité, Innovation et Développement (QuID) zu Lëtzebuerg Stad, op Basis vun engem CDD vu 24 Méint, tëscht 80 % an 100 % Aarbechtszäit.
Är Missioun
Am Kader vum Service Qualité, Innovation et Développement (QuID) gitt Dir Deel vum Qualitéit a Risiko Ekippe. Dir gitt un der Strukturéierung, dem Developpement an der weiderer Verbesserung vun de Qualitéits a Risikomanagement Praktike bedeelegt.
Dir wäert ënner anerem un dësen Aufgabe matschaffen :
Ausaarbechtung an Ëmsetzung vu Strategien, Etablissement-Projeten an Aktiounskonzepter
Identifikatioun, Analysen a Gestioun vu Risiken
Formaliséierung vu Politicken, Prozeduren an operative Prozesser
Strukturéierung vun Dokumentatiouns- an Archivprozesser
Aféierung vu Systemer fir Feedback, Reklamatiouns a Virfallmanagement
Entwécklung vu Steierungs- a Reportinginstrumenter (KPI, Dashboarden)
Leedung an Ëmsetzung vu Verbesserungsprojeten an -Aktiounen
Äre Profil
Ausbildung
Héichschoulofschloss am Beräich Gestioun, Organisatiouns Management oder Qualitéit
Erfarung
0–3 Joer Beruffserfarung an enger änlecher Funktioun
Kenntnisser am sozialen oder edukative Secteur si vu Virdeel
Kompetenzen
Exzellent schrëftlech a syntheetesch Fäegkeeten
Gutt Kommunikatiounsfäegkeeten a pedagogescht Geschéck (Formatioun)
Gutt Kenntnisser an den Office-Tools
Kenntnisser an:
Risikomanagement
Prozess- an Organisatiouns Modelléierung
Kontinuéierlech Verbesserung
Leeschtungsindikatoren (OKR, KPI, Dashboarden)
Design Thinking, funktionell Analys oder Strategie Approchen si vum Virdeel
Perséinlech Qualitéiten
Autonomie, Analys Fäegkeet a Pragmatismus
Kreativitéit an Initiativ
Gutt Bezéiungs Fäegkeeten a Fäegkeet, Leit zesummenzebréngen
Sproochen
Fléissend Lëtzebuergesch an Däitsch
Gutt Franséischkenntnisser
Kandidaturen sollen iwwert eis Websäit Jobs @ Croix-Rouge luxembourgeoise agereecht ginn.
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.