D’ Lëtzebuerger Rout Kräiz rekrutéiert :
Sozialpädagoge / Sozialaarbechter (M/F/D) – réf: 6512
fir den Service “Perspectives”, betreit Wunnen, fir en ambulanten Encadrement vun jonken Erwuessenen am Alter tëscht 18 an 26 Joer, am Osten (Beefort an Iechternach) vum Land. Bei dësem Posten handelt et sech spezifesch och em d’ Aarbecht mat jonken elengerzéienden Mammen. Et ass en CDI Kontrakt zu 40 Stonnen d’ Woch.
Missiounen:
* Sozialpädagogesch Begleedung vun deenen jonken Erwuessenen
* Coaching an Interventiounen op Basis vun den individuellen Projet’ en vun deenen jonken Erwuessenen
Profil:
* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Sozialpädagoge / Sozialaarbechter / Gradué / Assistant social
* Fachlech an sozial Kompetenzen
* Kenntnisser am Beräich vun der Aide à l’enfance stellen een Virdeel duer
* Beherrschen vun deenen 3 Landessproochen ass Viraussetzung
* Teamfäegkeet, Zouverlässegkeet an Fäegkeet autonom ze schaffen
* Führerschäin Kat. B
Fir d’ Aschätzung vun Ärer Honorabilitéit an ënnert Berécksichtigung vun den spezifeschen Bedierfnisser vum ausgeschriwwenen Posten gidd Dir am Fall vun enger Astellung en extrait vun Ärem casier judiciaire gefrot.