An der Summervakanz bidden d'Gemenge Miedernach, Bierdech,, Dippech, Käerch, StdtbredimusBartreng a Leideleng Vakanzenaktivitéite fir Kanner vun 3-12 Joer un.
D‘Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht dofir
Student/innen(Réf: 6254)
déi Loscht hunn als Aide-Animateur/trice un eis Summeraktivitéiten deelzehuelen.
Viraussetzungen:
* Minimum 16 Joer hunn
* E Brevet Animateur A, B oder C hunn*
* An enger Ekipp an och autonom schaffe kënnen
* Kreativ sinn an e gudde Kontakt mat Kanner vun 3-12 Joer hunn
* Verantwortungsbewosstmatbréngen.
Wichteg Informatioun:
D’Croix-Rouge bit keng intern Formatioun méi fir de Brevet A un.
Dat heescht, all Kandidat oder Kandidatin muss schonn am Besëtz vum Brevet Animateur sinn oder dësen iwwer en aneren uerkannte Formatiounsorganisatioun ofschléissen, fir sech kënnen op d’Plaze ze bewerben.
Bass du intresséiert? Postuléier iwwert eisen Internet-Site, mat engem Curriculum Vitae, engem Certificat de scolarité an enger Kopie vum Brevet Animateur.
Et ass och ganz wichteg bäi der Kandidatur ze preziséiere wéi eng Gemengen dech am meeschten interesséieren!
Am Fall vun enger Astellung, froe mir Iech en Extrait vun Ärem casier judiciaire, wann dir méi wéi 18 Joer al sidd.
Mir zielen op dech.