Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Chargé de direction (m/w/nb) - crèche/maison relais rammerech

Merzig
ARCUS asbl
Inserat online seit: 17 Februar
Beschreibung

Mir sichen als Verstäerkung vun der Equipe dirigeante vun der Crèche/Maison Relais Rammerech: Chargé de direction (M/W/NB) am CDI mat 40 Stonnen/ Woch


D’Crèche an d’Maison Relais Rammerech bidden Plaz fir ronn 300 Kanner a verfüge iwwer professionell ageriicht Bildungsraim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fërderen d’Beweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.

Deng Aufgaben:

* Du bass zoustänneg fir den organisatoreschen Oflaf an déi administrativ Leedung vum Site

* Du encadréiers eng pluridisziplinär Ekipp a fërders d‘Zesummenaarbecht an d’Kompetenzentwécklung vun de Mataarbechter.innen

* Du engagéiers dech an der Entwécklung a Koordinatioun vu pädagogesche Projeten déi de Besoine vun de Kanner an den Erausfuerderunge vun haut a muer entspriechen

* Du vertrieds d’Crèche an d’Maison Relais no baussen (Familljen, extern Partner, Gemeng, etc.) a fërders eng sënnvoll Zesummenaarbecht

* Du schaffs enk mat den Ekippen aus der Administration Centrale zesummen (Direktioun, Services Généraux, Ressources Humaines, Compta, IT, etc.)


Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom am sozio-edukative Beräich (minimum Bachelor)

* Du hues Beruffserfarung am Crèche-Beräich

* Du hues d’Fäegkeet an d’Bereetschaft eng Equipe ze leeden

* Du bass dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vu neie Projeten

* Du kanns selbstänneg schaffen an hues Loscht däi Wësse mat Aneren ze deelen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen (minimum B2)


Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld

Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir dKompetenzen an Erfarunge vu senge 1500 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Merzig
Jobs Merzig-Wadern
Jobs Saarland
Home > Stellenangebote > Chargé de direction (M/W/NB) - Crèche/Maison Relais Rammerech

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern