Mir siche fir d'Maison Relais Dikrech en Aide cuisinier (M/W/NB) fir 40 Stonnen/Woch am CDD (15.02.26-31.10.26)
Maison Relais Dikrech sicht eng Verstäerkung fir hier Kichenequipe déi am Kader vum Weltatelier-Konzept gesond a kannergerecht Molzechte preparéieren.
Deng Aufgaben:
* Virbereedungsaarbechten (schielen, schneiden, portionéieren)
* Matresponsabilitéit fir eng hygieenesch a propper Kichen - no den HACCP-Virschrëften
* Botzen an Ënnerhalt vun den Aarbechtsflächen, Apparater a Lagerraim
* Ausraumen an araume vun der Spullmaschinn
* Ënnerstëtzung beim Offallmanagement an der Lagerung vun de Liewensmëttel
Däi Profil:
* Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
* Du kanns Lëtzebuergesch/Däitsch oder Franseisch schwätzen (Niveau B1)
Wat dech erwaart:
* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)