Jobs
Meine Anzeigen
Jobs per E-Mail
Anmelden
Stellenangebote Job Tipps Unternehmen
Suchen

Educateur diplômé (m/w/nb) - centre formida

Mettlach
ARCUS asbl
Inserat online seit: 24 Februar
Beschreibung

Mir siche fir de Centre Formida een Educateur diplômé (M/W/NB) mat 35 Stonnen/Woch am CDI.


De Centre Formida bitt en inspiréierenden Aarbechtskader, bei dem Bildung, Kreativitéit a Nohaltegkeet vereent ginn. Hei hues du d'Méiglechkeet innovativ Projeten a nei Perspektive fir Jonker ze gestalten a kanns aktiv zu enger méi nohalteger Zukunft bäidroen. Als Deel vun enger multidisziplinärer Equipe kanns du denger Kreativitéit, dengen Iddien a dengem Knowhow fräie Laf loossen. De Centre Formida ass eng ideal Plaz fir deng Fäegkeeten anzebréngen a weiderzeentwéckelen. Weider Infoe fënns du ënner formida.lu



Deng Aufgaben:

* Encadrement vu Jugendlechen tëschent 12 a 24 Joer an engem CISP (centre d'insertion socio-professionnelle)

* Zesumme mat de Partnerlycéeën, eng kreativ Approche entwéckelen an ëmsetze fir deene Jonken hire schouleschen a soziale Parcours ze stabiliséieren

* Ofstëmmung vu formalen an non-formale Bildungselementer a verschiddenen Atelieren am Sënn vun “Projektlernen” a “Skillstraining”

* Begleedung vun deene Jonken an hirer (Ré)integratiounsphase an d’Schoul oder an d’Beruffswelt



Däi Profil:

* Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier

* Du bass oppen fir Neies a kanns flexibel an autonom schaffen

* Du hues pedagogesch Kompetenzen am Ëmgang mat Jugendlechen

* Du kanns Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen

* Zousazausbildungen an de Beräicher Erliefnespedagogik, Konschtpedagogik oder anere kreative Beräicher si vu Virdeel



Wat dech erwaart:

* Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

* Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

* En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

* Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

* En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld



Iwwert eis:

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance et à la famille an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge ronn 1800 Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn.


(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern
Mehr Stellenangebote
Ähnliche Angebote
Jobs Merzig-Wadern
Jobs Mettlach
Jobs Saarland
Home > Stellenangebote > Educateur diplômé (M/W/NB) - Centre Formida

Jobijoba

  • Job-Ratgeber
  • Bewertungen Unternehmen

Stellenangebote finden

  • Stellenangebote nach Jobtitel
  • Stellenangebote nach Berufsfeld
  • Stellenangebote nach Firma
  • Stellenangebote nach Ort
  • Stellenangebote nach Stichworten

Kontakt / Partner

  • Kontakt
  • Veröffentlichen Sie Ihre Angebote auf Jobijoba

Impressum - Allgemeine Geschäftsbedingungen - Datenschutzerklärung - Meine Cookies verwalten - Barrierefreiheit: Nicht konform

© 2026 Jobijoba - Alle Rechte vorbehalten

Bewerben
E-Mail Alert anlegen
Alert aktiviert
Speichern
Speichern