Inserat online seit: Veröffentlicht vor 18 Std.
Aufgaben der Stelle
D’ Lëtzebuerger Rout Kräiz sicht
Graduéiert Erzéier oder Assistant social (m/w/d) – Referenz: 6428
fir säi Service «ORIBeHo» zu Bartreng am CDI fir 40 Stonnen/Woch.
D’Aarbecht vum Service ORIBeHo vum Lëtzebuerger Roude Kräiz besteet am Allgemengen doran, Elteren an héije Konfliktsituatiounen am Fall vun Trennung oder Scheedung ze beroden, mat dem Schwéierpunkt op eng zukünfteg Ausübung vun hirer Eltereverantwortung, déi dem Wuelbefanne vum Kand förderlech ass.
Missioun:
Mat getrennten héichstrittegen Elteren an hiere Kanner schaffen
Mat enger wäertschätzender, transparenter Haltung den Familljen begéinen an kloer an deseskaléirend mat hinnen eng Elternschaft probéiren ze gestalten, déi op d’Wuelbefannen vum Kand zentréiert ass.
Elterenkompetenz duerch Berodung verstäerken
Klärung vun den zwee getrennten Familiesystemer
Elterengespréicher féieren
Begleedung beim Obhutswiessel
Aarbecht mat de betraffene Kanner
Profil:
Unerkannten Diplom als graduéierten Erzéier oder Assistant social mat Autorisatioun fir zu Lëtzebuerg ze praktizéieren
Berufflech Erfarung am sozio-pedagogesche Beräich vu minimum 5 Joer
Eng zousätzlech Formatioun am Beräich systemesch Therapie, Familljentherapie oder Mediatioun ass vu Virdeel
Onbedéngt néideg ass d’Beherrschung vun den dräi Landessproochen (Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch) ; all weider Sprooch gëllt als Virdeel
Flexibilitéit betreffend d’Aarbechtszäiten
Gutt redaktionell Fäegkeeten
Kooperatiounsfäegkeet an Verantwortungsbewosstsinn
Führerschäin B
Am Fall vun enger Astellung froen mir en Extrait vum Casier judiciaire.